We use cookies to personalise content and ads, to provide social media features and to analyse our traffic. Read more…
Saturday
31
MAR

JEUS Porte Ouverte

11:00
19:00
JEUS
Event organized by JEUS

Get Directions

Category
#var:page_name# cover

Moien;

Du bass op mannst 16 Joër al, an wolls dech schon ëmmer an engem Club engagéieren, dann ass dat deng Chance!
Mir sinn een jonken Club, deen dat ganzt Joër iwwer all méiglech Saachen ënnerhëlt. Dëst sinn engersäits intern Aktivitéiten wei z.B. Italieneschen Owend, Darts an Billard, Keelen spillen bis hin zu Vakanzen, wou mir dëst Joer Silvester zu London verbruecht hunn.

Anerersäits hëllefen mir ëmmer gär op den Manifestatiounen déi zu an ronderëm Steesel oflafen. Dëst z.B. op der 1. Mee-Feier, dem Young and Oldtimer Day oder um Walfer Vollekslaf.

Doniewent treffen mir eis reegelméisseg an eisem schéinen an gutt equipéierten Clubsall, deen direkt niewent dem Fussballterrain zu Steesel ass.

Wanns du Loscht hues, dech aktiv bei eis ze engagéieren an zesummen mat aneren Jonken dech um Veräinsliewen vun eiser Gemeng bedeelegen wëlls, dann profitéier vun eiser Porte Ouverte, an komm den 31. Mäerz ab 11.00 Auer bei eis an den Clubsall.

Natierlech sinn mir och frou fir all Mënsch, deen wëll laanscht kucken kommen an sech en Bild vum Club des Jeunes Steesel wëll machen.

Den ganzen Dag ass natierlech och fir Animatioun, Iessen & Gedrénks gesuergt.

An deem Sënn freeën mir eis, ierch all den 31ten kënnen ze begréissen.

MbG

JEUS

Venue

JEUS